Organisme de formation agréé par arrêté ministériel du 10.08.2016
« Zrëck op d'Lëscht
Sarah Dell'Aera
Psycholog
- Mäi ProfilAffichéierten NummSarah Dell'AeraStatusPsychologBerusftypFräiberuflechFinanziell ParticipatiounNët rembourseiertSproochenLëtzebuergesch, Däitsch, EngleschAkzepteieren StagiarenHuele keng Stagiairen unAarbechts Method
Breathe ass Self-Care fir deng mental Gesondheet a vereenegt Techniken aus der Psychologie mat Praxen aus dem Yoga. Dat kann zum Beispill Asana, Meditatioun an Otemübungen wéi och d'Erkennen a Verännere vu Verhalensmuster sinn.
Iwwert mechIwwert mech / BioMäin Numm ass Sarah an ech sinn Psychologin a Yoga Teacher. Meng Passioun ass d'Stäerkung vun der mentaler Gesondheet an alles wat engem dobäi hëlleft sech wuelzefillen. Ech sinn iwwerzeegt, dass eng staark Psyche dobäi hëllefe kann, besser mat schwierege Situatiounen ëmzegoen an sech allgemeng gutt ze spieren.
Mäin Studium an der Psychologie hunn ech zu Köln a Berlin gemaach. De Yoga ass an dëser Zäit ëmmer méi wichteg fir mech ginn, sou dass ech 2019 dunn mäin éischte Yoga Teacher Training beim Yoga Girl zu Aruba gemaach hunn. Vue dass mech besonnesch d'Anatomie an d'Kierperhaltung interesséiert, koumen 2020-2021 nach Traininge beim Lara Heimann (LYT Yoga) dobäi. Och d'Neurowëssenschaft ass e Beräich an deem ech mech weiderbilden. Soumat bidden ech eng Kombinatioun aus all de verschiddene Beräicher un. - FachgebietZielgruppenErwuessenerGrond vun der BerodungÄngscht, Stress a Konflikter op der Aarbecht, Schlofsteierungen
- PlangInstitutioun 1Institutioun 1BreatheAdresse 116, rue Charly Gaul L-4968 SchouweilerTel 1+352 621 771 441Website
- Kontakt Formulär