Organisme de formation agréé par arrêté ministériel du 10.08.2016
« Zrëck op d'Lëscht
Marc Stein
Psycholog
- Mäi ProfilAffichéierten NummMarc SteinStatusPsychologBerusftypUgestalltFinanziell ParticipatiounNët rembourseiertSproochenLëtzebuergesch, Franseisch, Däitsch, EngleschAkzepteieren StagiarenBachelor an der Psychologie, Master an der Psychologie, Doktorat an der PsychologieAarbechts Method
Consultatiounen exklusiv fir d'Personal vun der Police!
Arbechtsfelder:
Policepsychologie
Klinesch Psychologie
Arbechts- & Organisatiounspsychologie (Rekrutement, Formatioun,.. )
Noutfall- & Krisenpsychologie
Iwwert mechIwwert mech / BioNodeems ech 1995 mäin Diplom an der Psychologie op der ULB (Bréissel) ofgeschloss hunn, hunn ech 2,5 Joer als klineschen Psycholog am Hôpital Neuropsychiatrique zu Ettelbréck geschafft.
Säit 1997 schaffen ech an Police Grand-Ducale wou ech een Service psychologique (SPSY) opbauen konnt.
SLP Member säit 1999
D'Missiounen vum SPSY si ganz villsäiteg an decken verschidden Arbechtsfelder vun der ugewandter Psychologie of: vun klinescher Psychologie iwwer A&O Psychologie ouni Kriminologie an Krisenpsychologie ze vergiessen.
Säit 2005 sinn ech och Member am Standing Committee Disaster, Crisis and Trauma Psychology vun der EFPA (European Federation for Psychologists’ Associations) - FachgebietZielgruppenAnererGrond vun der BerodungAnererFachgebietArbechts‐ an Organisatiounspsychologie, Klinesch Psychologie, Noutfallpsychologie, Arméi- a Policepsychologie, Forensesch PsychologieMéi InfoMéi InfoDe Service Psychologique ass an éischter Linn fir sämtlecht Personal vun der Police geduecht. Mä an aussergewéinleche Fäll kann de Service och asprange fir aussestehende Leit zu Hëllef ze kommen.
Aufgabengebidder:
* Rekrutement vum Personal
* Aus- a Weiderbildung am Kader vun Themen, déi ee psychologeschen Aspekt hunn wéi Konfliktbewältigung, Kommunikatioun, Opferbetreiung, Ëmgank mat Mataarbechter, a.s.w ...
* Berodung a Betreiung a Fäll vu Problemer op der Aarbecht, an der Famill oder och perséinlecher Natur
* Psychologesch Betreiung no schlëmmen an ausser- gewéinlechen Tëschefäll wéi Schosswaffegebrauch, schwéier Akzidenter, Katastrophen, Geiselnahm, a.s.w
* Wëssenschaftlech Studien iwwert psychologesch Aspekter an der Police
* Ënnerstëtzung bei Enquêten mat psychologeschen Problemstellungen
* Intern / extern Formatiounen an Sensibiliséierungscampagnen - PlangInstitutioun 1Institutioun 1Service Psychologique Police Grand-DucaleAdresse 1Findel Business CenterBarrierefräi Plazen 1BehënnertegerechtTel 1+352 244 242 826Institutioun 2Institutioun 2Genee Postadress: Police Grand-Ducale Direction Générale Service Psychologique Cité policière Grand-Duc Henri Complexe A, route de Trèves L-2957 Luxembourg
- Kontakt Formulär