Organisme de formation agréé par arrêté ministériel du 10.08.2016
« Zrëck op d'Lëscht
Raymonde Scheuren, PhD
Psychotherapeut
- Mäi ProfilAffichéierten NummRaymonde Scheuren, PhDStatusPsychotherapeutBerusftypFräiberuflechFinanziell ParticipatiounVun der CNS rembourseiertSproochenLëtzebuergesch, Franseisch, Däitsch, EngleschAkzepteieren StagiarenHuele keng Stagiairen unAarbechts MethodMeng Aarbecht als Gesondheetspsychologin an als Psychotherapeutin berout op mengem staarken Interessen fir den Mënsch, der Kierper-Geescht Verbindung an där hirem Afloss op eis Gesondheet an eiser ënner Ausgeglachenheet. Psychosomatesch Beschwéierden, depressive Gefiller an Angschtzoustänn, Traumaen, a Burnout sinn Haaptthemen vun menger professioneller Offer. Meng Ausbildung am Bereich vun den kognitiven Verhalenstherapien, meng Kenntnis vun den péngbezunnenen aktuellen wëssenschaftlechen Aarbechten, meng berufflech a perséinlech Erfahrung, souwéi meng Empathie fléissen a meng psychotherapeutesch Aarbecht mat an, a sinn Deel vu menger Begleedung vum Client a sengem Versuch seng schwiereg Liewensphase ze meeschteren an seng Gesondheet an ënner Ausgeglachenheet erëmzefannen. De Client ass als aktiven Partner an dësen Léisungs- an Ressourcen-orientéierten Prozess agebonnen.Iwwert mechIwwert mech / BioEch war Schmerzfuerscherin am Laboratoire fir Psychobiologie an Neurophysiologie vum Gesondheets a Verhalensinstitut vun der Universitéit Lëtzebuerg vun 2010–2015
Meng Diplomer: Psychotherapeut
Doktorat an der Psychobiologie (Universitéit Lëtzebuerg)
Forschungsmaster an de Kognitiven a Klinischen Neurowëssenschaften (Universitéit Maastricht)
Bachelor an der Psychologie (Universitéit Lëtzebuerg)
Diplom an der Kognitiver Verhalenstherapie (KVT)
Diplom an der Akzeptanz- a Committment Therapie (ACT)
Diplom an der Thérapie cognitive processuelle (TCP)
Diplom an der Hypnose an an der Strategescher Kommunikatioun nom Milton Erickson (Milton Erickson Institut, Lëtzebuerg) - FachgebietZielgruppenErwuessenerGrond vun der BerodungÄngscht, Depressiounen, Trauma, Kognitiv Steierung, AnererTyp vun Therapie / AusbildungKognitivt Verhalen, Hypnose, EntspannungstherapieMéi InfoMéi InfoMeng Setzungen fannen a mengem Cabinet zu Dikkrech oder an der Stad statt. Meng Terminer sinn iwwer doctena.lu buchbar.
- PlangInstitutioun 1Adresse 131, bd. Prince Henri, L-1724 LuxembourgBarrierefräi Plazen 1BehënnertegerechtTel 1621 888 321WebsiteInstitutioun 2Adresse 29, op der Schlaed, L-9273 DiekirchBarrierefräi Plazen 2BehënnertegerechtTel 2621 888 321
- Kontakt Formulär