Organisme de formation agréé par arrêté ministériel du 10.08.2016

« Zrëck op d'Lëscht
Dr Fränz D'Onghia (PhD)
Psychotherapeut

  • Mäi Profil
    Affichéierten Numm
    Dr Fränz D'Onghia (PhD)
    Status
    Psychotherapeut
    Berusftyp
    Fräiberuflech, Ugestallt
    Finanziell Participatioun
    Vun der CNS rembourseiert
    Sproochen
    Lëtzebuergesch, Franseisch, Däitsch, Englesch
    Akzepteieren Stagiaren
    Huele keng Stagiairen un
    Aarbechts Method
    Ech schaffen esouwuel mat Gruppen, ewéi individuell. Meng Arbechtsmethod as ganz staark vun der kognitiver Verhaalenstherapie geprägt.
    working-method
    Iwwert mech
    Iwwert mech / Bio
    Ech si säit 2002 diploméierte Psycholog vun der Universitéit vu Nanzeg, do wou ech och 2009 mäin Doktorat an der Psychologie ofgeschloss hun. Mäin Doktorat hun ech an Zesummenarbecht mam INRETS (haut IFSTTAR genannt), de nationale Fuerschungsinstitut fir Verkéierssécherheet a Frankräich, gemeet. De Sujet vu mengem Doktorat dréit ronderem d'Kommunikatioun vun Verkéierssécherheetsmessagen.

    Haut sin ech Direkter vum C.P.A.T.S. (Centre de Psychologie Appliquée aux Transports et à leur Sécurité), eng Struktur déi ech 2006 gegrënnt hun (cf. www.cpats.lu) an ech sin och Chargé de Direction vum Centre d'Information et de Prévention, e Service vun der Ligue Luxembourgeoise d'Hygiène Mentale (cf. www.llhm.lu).

    Meng Interessi a Kompetenzberäicher sin d'Präventioun am wäitsten Sënn, awer besonneg d'Präventioun an de Beräicher Verkéierssécherheet, psyschech Krankheeten an d'Suizidpräventioun.

    Ech war Koordinateur vum Plan National de Prévention du Suicide, e fënnef Joresprogramm (2015 - 2019) deen an Zesummenarbecht mam Gesondheetsministär realiséiert gouff (cf. www.prevention-suicide.lu).

    Vun 2014 bis 2018 war ech Präsident vun der Société Luxembourgeoise de Psychologie (cf. www.slp.lu). Ech si Matgrënner vun der FAPSYLUX der Fédération des Associations représentant des PSYchothérapeutes au Grand-Duché de LUXembourg asbl (www.fapsylux.lu).

    En détailléierten CV fannt Dir op der leschter Rubrik.
    description
  • Fachgebiet
    Zielgruppen
    Jugendlecher, Erwuessener, Anerer
    Grond vun der Berodung
    Ängscht, Depressiounen, Stress a Konflikter op der Aarbecht, Schlofsteierungen, Aggressiv / Gewaltegt Verhalen, Anerer
    Typ vun Therapie / Ausbildung
    Kognitivt Verhalen
    Méi Info
    Méi Info
    Ech hun zousätlech zu mengem Psychologiestudium, e Studium an der Epidemiologie (100 Stonnen), an der kognitiver Verhaalenstherapie (350 Stonnen), an der Verkéierssécherheet (245 Stonnen), an der Interventioun vu suizidale Krisen (35 Stonnen). Ausserdeem hun ech 2018 e Master am Management erfollegräisch ofgeschloss (120 ECTS).
    free-text
  • Plang
    Institutioun 1
    Institutioun 1
    Maison de la Santé Huncherange
    Adresse 1
    70, route d'Esch L-3340 Huncherange (Commune de Bettembourg)
    Tel 1
    +352 621 31 65 29 (Je suis dans l'incapacité de prendre de nouveaux patients)
    Fax 1
    (Je suis dans l'incapacité de prendre de nouveaux patients)
    Institutioun 2
    Institutioun 2
    Ligue Luxembourgeoise d'Hygiène Mentale
    Adresse 2
    75, rue de Mamer L-8081 Bertrange
    Website 2
    Institutioun 3
    Institutioun 3
    Centre de Psychologie Appliquée aux Transports et à leur Sécurité (CPATS)
    Adresse 3
    70, route d'Esch L-3340 Huncherange (Commune de Bettembourg)
    Tel 3
    +352 26 51 15 45
    Fax 3
    (Je suis dans l'incapacité de prendre de nouveaux patients)
    Website 3

  • Kontakt Formulär

Copyright © SLP - project by Addedsense - photo credits