Organisme de formation agréé par arrêté ministériel du 10.08.2016
« Zrëck op d'Lëscht
Aline Hartz
Psychotherapeut
- Mäi ProfilAffichéierten NummAline HartzStatusPsychotherapeutBerusftypFräiberuflech, UgestalltFinanziell ParticipatiounVun der CNS rembourseiert, Prise en charge ONESproochenLëtzebuergesch, Franseisch, Däitsch, EngleschAkzepteieren StagiarenMat Psychologie-DiplomAarbechts MethodSystemesch Psychotherapie
Entspanungstechniken wéi Sophrologie, OtmungsübungenIwwert mechIwwert mech / BioMeng Studien hun ech op der "Université Libre de
Bruxelles" an der klinescher Psychologie, mam Schwéierpunkt Kanner a Jugendpsychologie gemat [2003]
2013 Ofschloss vu menger Ausbildung an der systemescher Therapie bei der SGST
[Saarländische Gesellschaft für Systemische Therapie und Beratung]
Zousätzlech Weiderbildung an der Sophrologie
Berufleche Werdegang:
Ech hu 7 Jahre als Psychologe an der "Sozial-pädagogescher Berodungsstell"
[Service de consultation socio-pédagogique] vun Inter-Actions asbl
geschafft (haut "Act") . Hei hun ech Erwuessener individuell, wéi och Koppelen a Familljen a perséinlechen, sozialen a berufflechen Noutlagen begleet a beroden.
Duerch meng Aarbecht als selbststänneg Psychologin mat besonneg- an héichbegabte Kanner a Jugendlechen am "Institut zur
Fo[e]rderung besonderer Begabungen" zu Witten, Wuppertal und Essen,
hun ech fundéiert Erfahrungen konnte machen an desem Beraich. Sait
2013 schaffen ech, parallel zu menger privater Praxis, als Psychologin um “Kanner-Jugendtelefon”. Zu mengen Tätegkeeten zielen ennert anerem: Eltereberodung um "Elterentelefon", Ausbildung vun den neien bénévole Beroder, regelméisseg Fortbildung a Supervisioun vun de bénévole Beroder, Erstellung, Ausarbechtung an Duerchféierung vun neie Konzepter, souwi d'Kooperation mat Berodungsstellen an Institutiounen op nationaler an
internationaler Ebene.
A menger Fraizait sin ech e passionéierte Yogi an e riisege Musek-fan. - FachgebietZielgruppenKanner, Jugendlecher, Erwuessener, Koppelen, FamillenGrond vun der BerodungÄngscht, Depressiounen, Trauer a Verloscht, Koppel Konflikt, Stress a Konflikter op der Aarbecht, Schlofsteierungen, Verhalensstéierung, Aggressiv / Gewaltegt Verhalen, Schoul Problemer, Identiteits ProblemerTyp vun Therapie / AusbildungSystemesch Behandlung, Entspannungstherapie
- PlangInstitutioun 1Institutioun 1Praxis Aline HartzAdresse 1101, rue de Bonnevoie L-1261 LuxembourgTel 1+352 691 676788WebsiteInstitutioun 2Institutioun 2Kanner-JugendtelefonWebsite 2
- Kontakt Formulär