Member ginn

D’SLP besteet aus aktiven an Éierememberen.

Firwat aktive Member an der SLP ginn?

Als aktive Member vun der SLP profitéiert Dir vun villen Avantagen an hutt Urecht op folgend Servicer:

  • als zertifiéierten Psycholog unerkannt sinn dank Validatioun vun den Diplomer duerch d'SLP. Dëst ass eng zousätzlech Plus-Value bei der Sich no Plazen am privaten/ëffentlëchen Secteur an duerch Eegenverflichtung zum Respekt vum SLP Ethik Code een zousätzlechen Garant vun Sériosität
  • am PSYREGISTER vun der SLP als zertifiéierten Psycholog enregistréiert ze sinn. Eis Websäit gëtt minimum ronn 1600 mol am Mount besicht!
  • den Titel Membre actif de la SLP droen
  • Méiglechkeet d’Commission de déontologique ze consultéieren
  • vun der Expertise vun der SLP zu spezifesche professionelle Froen profitéieren
  • sech am interne Forum mat aneren SLP Memberen iwwer professionell Froen austauschen 
  • Rotschléi kréien beim Selbststänneg maachen als Psycholog or Psychotherapeut
  • duerch maximal Représentativitéit der SLP erlaaben, d'Interesse vum Beruffsstand beschtméiglech ze vertrieden
  • professionnel Annoncen per eNews mat Verëffentlechung op eisem Site “posten”, gratis oder zu reduzéierter Conditiounen
  • gratis oder reduzéiert Aschreiwungskäschten bei SLP Evenementer, bei Evenementer vu Partnerorganisatiounen an bei speziellen Offeren fir SLP Memberen
  • Exklusiv fir SLP Member: Informatioun zu exklusiven Job Offeren & zu neien Entwécklungen am Beruff
  • Zouschécken vum EFPA News Magazine (e-Magazine)
  • ….

Fir en aktive Member ze ginn, muss een:

1) diploméiert sinn an engem komplette Cycle vun op mannst 5 Joer Universitéitsstudien (300 ECTS) am Haaptfach Psychologie. (Pre-Bologna Diplomer ginn en Funktioun vun den Pre-Bologna Regelen behandelt).

Dësen Diplom muss am Registre des Titres d’Enseignement Supérieur ageschriwwe sinn (Ausnahm: unerkannten  Diplomer aus de Benelux a baltesche Staaten)
Kuckt och hei:   [Registre des Titres d’Enseignement Supérieur].

Opgepasst! Verschidde Fern-Studium Diplomer ginn vun der SLP net unerkannt.

2) sech formell dozou verflichten, den SLP-Ethik-Code ze respektéieren [French version];

3) no Akkzeptatioun vun Ärer Kandidatur d’Cotisatioun annuelle vun 75 € bezuelen (30 € fir retraitéiert Memberen). Cotisatiounen ab 1. Oktober vum lafenden Joer sinn gülteg bis 31. Dezember dat Joer drop (15 Méint).

* follgend Dokumenter sinn obligatoresch a nëmme komplett Demandë ginn traitéiert:

  • eng Kopie vun Ären Universitéitsdiplomer an der Psychologie. (Bachelor + Master an der Psychologie, respektiv Pre-Bologna Virdiplom, Haaptdiplom). Falls Är Diplomer keen ECTS Volume mentionnéieren, schéckt obligatoresch een akademischen Transcript vun äre Couren mat
  • eng Traduction assermentée fir Diplomer an aner Sproochen wéi D, FR, GB an L
  • Är Aschreiwung am Registre des Titres vum MESR (niveau 7 du cadre luxembourgeois des qualifications)
  • den ausgefëllten Awëllegungsformulaire [Download] vun Ärem Bekenntnis zum SLP Code of Ethics
  • fir unerkannten Psychotherapeuten: d’Autorisation d’exercer vum Ministère de la Santé)

D’Beaarbechtungsdauer vun enger Demande ass ronn 4-6 Wochen wann all d’Dokumenter korrekt virléien.

Éierememberschaft

D’Éierememberschaft ka Persounen zougesprach ginn, déi der SLP finanziell oder moralesch Ënnerstëtzung zoukomme gelooss hunn oder déi besonnesch Verdéngschter fir d’Promotioun vun der Psychologie als professionell oder akademesch Disziplin geleescht hunn.

Wann Dir duerch eng tatkräfteg Ënnerstëtzung d’Efforten vun SLP fir enger besser Unerkennung vun der Psychologie hei zu Lëtzebuerg fërderen wëllt, kontaktéiert d’SLP w.e.g. iwwer eist Sekretariat.

FAQ

Wisou wëll d’SLP all déi Dokumenter, fir mech als Haaptmember unzehuelen?

Ziel vun dëser strikter Moossnam ass all Patient/Client vun engem ageschriwwenen Member ze garantéieren dat dësen iwwer eng adequat Ausbildung verfügt.

Kann ech als Student Member ginn?

Leider bitt d'SLP keng Memberschaft fir Studenten un. Went Iech un d' ALEP , d'Associatioun vun de letzebuerger Psychologiestudenten.