This user has not added any information to their profile yet.
Ech sinn Diplom-Psychologin a vum Ministère de la Santé unerkannte Psychotherapeutin. Spezialiséiert sinn ech an der kognitiver Verhalenstherapie/ thérapie cognitivo-comportementale. An der Verhalenstherapie ginn duerch Studien als wierksam beluechten Interventiounen agesat, fir psychescht Leiden ze reduzéieren an ze heelen. A menger Aarbecht passen ech de Choix vun den Therapiemethoden un Är Bedierfnesser an Är Liewenssituatioun un.
Nieft de klasseschen Interventiounen aus der Verhalenstherapie schaffen ech och vill mat Elementer aus der sougenannte „drëtter Well“ vun der moderner Verhalenstherapie, d.h. mat Achtsamkeetsbaséierten Therapieusätz wéi d‘Acceptance and Commitment Therapy (ACT) an d‘Dialectical Behavioral Therapy (DBT). Ech schaffe mat Erwuessenen a grousse Jugendlecher (15+).
Ech schaffe séit 2012 an ënnerschiddleche psychotherapeuteschen Ëmfelder. Ech hunn mat Erwuessenen, Kanner, Familljen a Gruppe souwuel am ambulanten wéi och am stationären Ëmfeld geschafft.
Mäin Diplom a Psychotherapie, hunn ech mam Schwéierpunkt Verhalenstherapie ofgeschloss.
Fir Iech déi beschtméiglechst Behandlung ubidden ze kënnen ass et fir mech selbstverständlech, datt ech um aktuelle Stand vun der Therapiefuerschung bleiwen an u Weiderbildungen a Supervisiounen deelhuelen.