This user has not added any information to their profile yet.
Ech schaffen esouwuel mat Gruppen, ewéi individuell. Meng Aarbechtsmethod baséiert ganz staark op der kognitiver Verhalenstherapie.
Wat ass kognitiv Verhalenstherapie?
D'kognitiv Verhalenstherapie geet d'Schwieregkeeten vun engem Patient mat prakteschen Übungen un, déi sech op observabel Verhalensproblemer konzentréieren. Doriwwer hinaus schafft de Psychotherapeut souwuel u bewosste wéi och onbewosste mentale Prozesser, och nach kognitiv Prozesser genannt, vun deenen ugeholl gëtt datt se Emotiounen an hir Stéierungen ënnergeuerdent sinn. Zum Beispill wann eng Persoun depressiv ass, gesäit se alles an engem negative Liicht. D'Persoun denkt, datt d'Situatioun hoffnungslos ass, sech hëlleflos fillt mat enger negativer Vue op sech selwer, op d'Welt an op hier Zukunft. De kognitive Verhalenstherapeut hëlleft der Persoun dës negativ Gedanken ze erkennen a se sou ze veränneren, datt se mat der Realitéit iwwertenee stëmmen. Sou kënne Psychotherapeut a Patient depressiv Verstëmmungen änneren, andeems si reegelméisseg Aktivitéite plangen, déi Freed maachen. D'Therapie ka Stress- a Schlofmanagementsübungen souwéi Entspanungstechniken ëmfaassen.
Ech si säit 2002 diploméierte Psycholog vun der Universitéit vun Nanzeg, do wou ech och 2009 mäin Doktorat an der Psychologie ofgeschloss hunn. Mäin Doktorat hunn ech an Zesummenaarbecht mam INRETS (haut IFSTTAR genannt), de nationale Fuerschungsinstitut fir Verkéierssécherheet a Frankräich, gemaach. De Sujet vu mengem Doktorat dréit ronderëm d'Kommunikatioun vu Verkéierssécherheetsmessagen.
Haut sin ech Direkter vum Departement Santé am Domaine Thermal zu Mondorf (www.mondorf.lu ). Ech hunn 2006 de C.P.A.T.S. (Centre de Psychologie Appliquée aux Transports et à leur Sécurité) gegrënnt wou ech nach haut Beroder sinn (www.cpats.lu ). Ech hunn 15 Joer laang bei der Ligue Santé Mentale geschafft (www.llhm.lu ), dovunner 10 Joër als Direkter vum Service Prévention et Formation (fréier Centre d'Information et de Prévention).
Ech war Coordinateur vum Plan National de Prévention du Suicide, e fënnef-Joresprogramm (2015 - 2019) deen an Zesummenaarbecht mam Gesondheetsministère realiséiert gouf (www.prevention-suicide.lu ). Desweideren hun ech am Comité de pilotage vum Plan National Santé Mentale (2024 - 2028) matgewierkt.
Vun 2014 bis 2018 war ech Präsident vun der Société Luxembourgeoise de Psychologie (www.slp.lu ). Ech si Matgrënner vun der FAPSYLUX der Fédération des Associations représentant des PSYchothérapeutes au Grand-Duché de LUXembourg asbl (www.fapsylux.lu ).
Meng Interessi a Kompetenzberäicher sin d'Präventioun am wäiteste Sënn, awer besonneg d'Präventioun an de Beräicher Verkéierssécherheet, d'Präventioun vun der Santé Mentale an der Suizidpräventioun.