Fir de Public
Psychologe si wëssenschaftlech ausgebilt Fachleit vum psychesche Fonctionnement (Denken, Fillen, Erliewen) a Verhale vum Mënsch. Si gi qualifizéiert duerch een Universitéitsstudium am Haaptfach Psychologie vun op mannst 5 Joer (300 ECTS).
Psychologen schaffen a ganz ënnerschiddleche Beräicher, z.B. an der klinescher Psychologie, an der Educatioun an Erzéiung, an der Aarbechtswelt, am Sozialen oder am Kader vu juristeschen Expertisen.
Psychologen bidden Iech an de verschiddensten Beräicher professionell Hëllef fir är Problemer effikass ze bewältegen !
Klinesch Psychologe schaffen am Beräich vun der psychescher Gesondheet. Vill vun hinnen sinn och als Psychotherapeuten gesetzlech unerkannt.
De Beruff vum Psycholog ass onverständlecherweis hei zu Lëtzebuerg nach ëmmer net gesetzlech reguléiert!
Psychiateren sinn Medezinner déi sech no hirem Medezinstudium um Gebitt vun der Psychiatrie spezialiséiert hunn. De Beruff vum Psychiater ass gesetzlech geschützt.
Psychotherapeute si Psychologen oder Medezinner (meeschtens Psychiateren) mat enger staatlech unerkannter Zousazausbildung an der Psychotherapie. D'Ausüben vun der Psychotherapie ass gesetzlech geschützt.
Klinesch Psychologen, Psychotherapeuten a Psychiateren hëllefen Iech effikass bei der Bewältegung vu psychesche Stéierungen a Krankheeten, Verhalensstéierungen oder soss Problemer déi intensive psychesche Stress oder Nout verursaachen.
Hir Interventiounen erlaben positiv Verännerungen, besonnesch am kognitiven am emotionale Beräich, am Verhalen, an tëschemënschleche Bezéiungen, an der Perséinlechkeet a vum Gesondheetszoustand.
Beim Psycholog
Am Géigesaz zu dene meeschten Länner an Europa an am Géigesatz zu aneren Gesondheetsberuffer ginn Consultatiounen beim fräischaffenden klineschen Psycholog hei zu Lëtzebuerg onverständlecherweis net vun der CNS Gesondheetskees en charge gehol!
A verschidden ëffentlechen a vum Staat konventionnéierten Strukturen souwéi a Spidäler sinn d’Servicer awer gratis oder reduzéiert.
Kanner a Jugendlecher kënnen gratis duerch den Office national de l’enfance (ONE) en charge gehol ginn.
Verschidden Zousatzkrankeversecherungen kënnen een deelweisen Remboursement proposéieren. Frot bei hinnen no.
Psychotherapie bei engem Psychotherapeut
D’psychotherapeutesch Akten ginn vun der nationaler Gesondheetskees (CNS) rembourséiert. Weider Informatiounen fann dir hei
A verschidden ëffentlechen a vum Staat konventionnéierten Strukturen souwéi a Spidäler sinn d’Servicer gratis.
Kanner a Jugendlecher kënnen gratis duerch den Office national de l’enfance (ONE) en charge gehol ginn.
Verschidden Zousatzkrankeversecherungen kënnen een deelweisen Remboursement proposéieren. Frot bei hinnen no.
Psychotherapie ass ee gezielten, professionellen a meeschtens längerfristegen Traitement mat Hëllef vun enger psychotherapeutescher Method vu psychesche Stéierungen a Krankheeten , Verhalensstéierungen oder soss Problemer déi intensive psychesche Stress oder Nout verursaache.
D'Behandlung erlaabt positiv Verännerunge a ville Beräicher beim Patient: a sengem Denken, Fillen an Erliewen, a sengem Verhalen a senge tëschemënschleche Bezéiungen, an senger Perséinlechkeet an folglech och an sengem Wuelbefannen an sengem Gesondheetszoustand.
Psychotherapie geet iwwer psychologesch Berodung, Bereetstellung vu psychologescher Hëllef an Bewältegungsënnerstëtzung vun aktuelle psychologescher Problemer raus.
Gängeg Methoden an der Psychotherapie sinn z. B. kognitiv-behavioral Therapien, systeemesch Therapien, psychodynamesch und humanistesch Usätz.
Kläert mat ärem Psycholog-Psychotherapeut oder Psycholog of, ob eng Psychotherapie an ärem Fall ubruecht ass.
Psychologie ass eng wëssenschaftlech Disziplin, déi e ganz vaste Spektrum vun Aarbechtsfelder ofdeckt a soumat eng grouss Unzuel vu Spezialisatiouns- a Berufsméiglechkeeten ubitt, sou z.B. klinesch Psychologie, Neuropsychologie, psychologesch Berodung am schouleschen a pädagogesche Kontext, Entwécklungspsychologie oder Gerontopsychologie.
Aner Uwendungsfelder sinn Aarbechts- an Organisatiounspsychologie, Coaching, Werbepsychologie, Ergonomie, Verkéiers- a Fluchpsychologie, Forensik, Arméi- a Policepsychologie oder Sportspsychologie.
Sidd Iech bewosst dat e Studium vu 5 Joer (300 ECTS) am Haaptfach Psychologie op enger unerkannter Uni Virausetzung ass!
Fir méi Informatioune zum Studium vun der Psychologie, kuckt hei mengstudien.lu
Weider Renseignementer bei eiser Partnerorganisatioun ALEP
Hei de Link op eng Brochure aus dem Joer 2019 iwwer de Studium vun der Psychologie an der Psychotherapie
D'SLP proposéiert selwer keng Stagen.
Kontaktéiert eis Partnerassociatioun d’ALEP (déi suguer eng Bourse de stages offréiert) fir Informatioune zu Stagen oder benotzt d’Filteren am SLP PSYREGISTER fir Memberen an Institutioune ze fannen déi Stagen proposéieren.