Ethik
2001 huet d’SLP en Ethikscode adoptéiert deen déi deontologesch Reegelen a Pflichte vum Beruff vum Psycholog präziséiert a deen Psychologen bei etheschen Dilemma eng Hëllefsstellung gëtt.
Dësen Ethikcode garantéiert zudem d’Wuel an de Schutz vun Mënschen, déi mat Psychologen interagéieren.
Den SLP-Ethikcode ass a senger Form an Inhalt vum ethesche Metacode vun der Europäescher Federatioun vun de Psychologenassociatiounen (EFPA) inspiréiert.
All SLP Member huet sech dem etheschen Handelen am Accord mam Ethikcode verpflicht.
Eroflueden vum SLP-Ethikcode [Download]
Commission consultative de déontologie (CCD)
D’SLP bitt Berodung an Ënnerstëtzung an ethesche Froen an intervenéiert bei Kloen iwwer professionellt Feelverhale vun hire Memberen. Am Joer 2006 gouf eng consultativ Kommissioun fir Ethikfroen opgestallt, déi den Ethikscode enger regelméisseger Evaluatioun ënnerzitt an zu Froen an der Uwendung an Interpretatioun a bestëmmte Kontexter beréit.
Eroflueden vun den interne Regele vum CCD [Download]
Froen betreffend Ethik
Fir professionnel Froen vu Memberen vun der SLP :
- Berodung an Informatiounen zu etheschen Themen
- Kollegial Ënnerstëtzung an der Gestioun vu komplizéierten ethesche Situatiounen
per E-mail un d’Sylvie Langermann vun der CCD (sylla@pt.lu) mat Copie un d’SLP (contact@slp.lu)
Fir Clienten / Patienten:
- bei Froen betreffend d'professionellt Verhale vun engem Member vun der SLP
- fir eng Plainte géint e Member vun der SLP eranzereechen
per E-Mail un d’SLP (contact@slp.lu)
Eroflueden vum “Règlement sur le traitement des plaintes” [Download]
Am Kader vun der Plainte gëtt d’CDD sech den Optrag d’ Situatioun kloer ze stellen a wa méiglech zu enger Eenegung ze kommen (Art. 15 vum Règlement sur le traitement des plaintes) a probéiert dobäi den Dialog tëscht de Parteien ze favoriséieren (Art. 11 vum Règlement sur le traitement des plaintes).
D’Membere vum CCD (mandatéiert fir den Zäitraum 2021-2026)
Elizabeth Pütz
Member
Lawyer
Master's degree in Public and Private International Law | Master 2 in Human Rights