De Familljen-Center recrutéiert een Psycholog
De « FAMILLJEN-CENTER », d’A.s.b.l. Consultation et Préparation Familiale, sicht
1 Member an eisem psychologesche Berodungsservice (m/f/d) fir 20 – 25 Stonnen d’Woch (CDD, Vertriedung Congé de Maternité/Congé parental) vum 15. Juni 2022 un.
Erwaardungen :
- Profession de base: Psycholog* (Master) oder Pädagog* (Master)
- Interessi u Statistik/Dateverwaltung
- Kenntnisser an Dateverwaltungsprogrammer (FileMaker Pro) an Excel
- Beruffserfarung an der Aarbecht mat Eenzelklienten, Koppelen,Familljen (Berodung, Aktivitéiten, Formatioun)
- Disponibilitéit fir flexibel Aarbechtszäiten a -plazen
- Respekt vis-à-vis vun ënnerschiddleche Liewensweisen/Weltanschauungen, sexuell Orientéierungen an Identitéiten (LGBTI),
Vu Virdeel sinn :
- eng Formatioun a psychologescher oder pädagogescher Berodung (Systemik, Mediatioun, etc.)
- zousätzlech Sproochen
Aarbechtsprofil :
- Mataarbecht an eisem pluridisziplinäre Berodungsteam
- Planung a Leedung vu Gruppenaktivitéiten
- Aarbecht am Reseau mat aner Servicer
All Kandidate musse fléissend lëtzebuergesch, franséisch an däitsch schwätzen a schreiwe kënnen.
Salairen a Konditioune vum CCT SAS , C7-Posten.
E Suivi am Kader vun engem CDI ass net ausgeschlass.
Schéckt eis w.e.g di folgend Dokumenter bis spéitstens den 31. Mee 2022:
motivéiert Demande, CV mat rezenter Foto, Kopië vun den Diplomer / Zertifikaten, evtl. Homologatioun, rezenten Extrait vum Casier judiciaire.
Kontakt :
Familljen-Center
John Weber, chargé de direction
4, rue G.C. Marshall
L-2181 Luxembourg
info@familljen-center.lu
www.familljen-center.lu
Rezent Annoncen
- SOS Détresse sicht een Chargé de direction adjoint – Psycholog
- De Fieldgen sicht een Psycholog fir de SePAS
- Recrutement d’un⸱e psychologue à l’ALUPSE
- Recrutement d’un⸱e psychologue chargé⸱e de projets à la Ligue Santé mentale
- Recrutement d’un psychologue du travail pour l’Administration pénitentiaire