Organisme de formation agréé par arrêté ministériel du 10.08.2016
Gëff Member!
D’SLP besteet aus aktiven an Éierememberen.
Firwat aktive Member an der SLP ginn?
Ä: Als aktive Member vun der SLP profitéiert Dir vun villen Avantagen an hutt Urecht op folgend Servicer:
- als zertifiéierten Psycholog unerkannt sinn (dank Validatioun duerch d’SLP vun den Diplomer). Dëst ass eng zousätzlech Plus-Value bei der Sich no Plazen am privaten/ëffentlëchen Secteur an e zousätzlechen Garant vun Sériosität (duerch Verflichtung zum Respekt vum SLP Ethik Code).
- am Annuaire des Psychologes / Psychothérapeutes vun der SLP als zertifiéierten Psycholog enregistréiert ze sinn. Eis Websäit gëtt minimum ronn 1600 mol am Mount besicht!
- den Titel Membre actif de la SLP droen
- professionnel Annoncen per eNews mat Verëffentlechung op eisem Site “posten”, gratis oder zu reduzéierter Conditiounen
- Méiglechkeet d’Commission de déontologique an eis Experten em Rot ze froen
- gratis oder reduzéiert Aschreiwungskäschten bei SLP Evenementer, bei Evenementer vu Partnerorganisatiounen an bei speziellen Offeren fir SLP Memberen
- Zouschécken vum EFPA News Magazine (e-Magazine)
- Exklusiv fir SLP Member: Informatioun zu exklusiven Job Offeren & zu neien Entwécklungen am Beruff
- ….
Fir en aktive Member ze ginn, muss een:
1) diploméiert sinn:
- an engem komplette Cycle vun op mannst 5 Joer Universitéitsstudien (300 ECTS) am Haaptfach Psychologie. (Pre-Bologna Diplomer ginn en Funktioun vun den Pre-Bologna Regelen behandelt). Dësen Diplom muss am Registre des Titres d’Enseignement Supérieur ageschriwwe sinn (Ausnahm: unerkannten BENELUX Diplomer)
Kuckt och: [Registre des Titres d’Enseignement Supérieur].
Opgepasst! Verschidde Fern-Studium Diplomer ginn vun der SLP net unerkannt.
2) sech formell dozou verflichten, den SLP-Ethik-Code ze respektéieren [Franséisch Versioun];
3) no Akkzeptatioun vun Ärer Kandidatur d’Cotisatioun annuelle vun 75 € bezuelen (30 € fir retraitéiert Memberen). Cotisatiounen ab 1. Oktober vum lafenden Joer sinn gülteg bis 31. Dezember dat Joer drop (15 Méint).
Adhésioun:
* sech online hei aschreiwen
* follgend Dokumenter sinn obligatoresch an nëmme komplett Demandë ginn traitéiert:
- eng Kopie vun Ären Universitéitsdiplomer an der Psychologie. (Bachelor + Master an der Psychologie, respektiv Pre-Bologna Virdiplom, Haaptdiplom). Falls Är Diplomer keen ECTS Volume mentionnéieren, schéckt obligatoresch een akademischen Transcript vun äre Couren mat
- eng Traduction assermentée fir Diplomer an aner Sproochen wéi D, FR, GB an L
- Är Aschreiwung am Registre des Titres vum MESR
- den ausgefëllten Awëllegungsformulaire [Download] vun Ärem Bekenntnis zum Ethik-Code.
- (fir unerkannten Psychotherapeuten, d’Autorisation d’exercer vum Ministère de la Santé)
D’Beaarbechtungsdauer vun enger Demande ass ronn 4-6 Wochen wann all d’Dokumenter korrekt virléien.
FAQ: Wisou wëll d’SLP all déi Dokumenter, fir mech als Haaptmember unzehuelen?
Ä: Ziel vun dëser strikter Moossnam ass all Patient/Client vun engem ageschriwwenen Member ze garantéieren dat dësen iwwer eng adequat Ausbildung verfügt.
D’SLP recommandéiert Studenten an der Psychologie Member an der ALEP ze ginn.
Éierememberschaft
D’Éierememberschaft ka Persounen zougesprach ginn, déi der SLP finanziell oder moralesch Ënnerstëtzung zoukomme gelooss hunn oder déi besonnesch Verdéngschter fir d’Promotioun vun der Psychologie als professionell oder akademesch Disziplin geleescht hunn.
Wann Dir duerch eng tatkräfteg Ënnerstëtzung d’Efforten vun SLP fir enger besser Unerkennung vun der Psychologie hei zu Lëtzebuerg fërderen wëllt, kontaktéiert d’SLP w.e.g. iwwer eist Sekretariat.