D’ALAN – Maladies Rares Luxembourg sicht een diploméierte Psycholog/ Psychotherapeut
19/01/2024
D’a.s.b.l. ALAN – Maladies Rares Luxembourg sicht, fir säin Team ze verstäerken, een
diploméierte Psycholog/ Psychotherapeut (m/w)
CDI (30-40 St/W)
Engagement no der CCT SAS
Är Missiounen :
- Berodung a Begleedung vu Persoune/Familje mat enger rarer Krankheet
- Suivi a Gestioun vun den Dossieren
- Professionellen Austausch mat alle Partner aus dem medezinesch-soziale Beräich
- Bedeelegung un internen a nationalen Projeten
- Eng enk Zesummenaarbecht am interdisziplinären Team
Äre Profil :
- Autorisatioun fir als diploméiert(e) Psycholog(in) an Psychotherapeut(in) zu Lëtzebuerg ze schaffen
- All zousätzlechen Diplom an der Therapie ass vu Virdeel
- Minimum 3 Joer Beruffserfarung ass erwënscht
- Ganz gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, Däitschen a Franséischen. All zousätzlech Sprooch ass vu Virdeel
- Gudde Kontakt mat de Leit, Diskretioun, Flexibilitéit an Teamgeescht
- Organisatiounssënn an Autonomie
- Führerschäin Klass B
Schéckt Ären Dossier mat Liewenslaf, Foto, Kopië vun den Diplomer, Zertifikater a Referenze
bis den 1ten Februar 2024 un:
Gwennaëlle Crohin, ALAN – Maladies Rares Luxembourg ; Parc
Luxite, 13, rue de l’Innovation, L-1896 Kockelscheuer oder gwenn.crohin@alan.lu
Virum Ënnerschreiwe vum Aarbechtskontrakt froe mir e rezenten Extrait aus dem Casier
Judiciaire (Bulletin n°3 & n°5).
Articles récents
- Recrutement d’un psychologue au Centre pénitentiaire de Luxembourg à Schrassig
- Recrutement d’un second poste de psychologue au service SPSE du Centre pénitentiaire à Sanem
- Recrutement d’un psychologue au Centre pénitentiaire
- Location d'une salle de consultation au Centre paramédical Mère-enfant Differdange
- SIGMUND, le logiciel qu'il vous faut!