Organisme de formation agréé par arrêté ministériel du 10.08.2016

D’Rout Kräiz sicht een Psycholog/Psychotherapeut fir den Service „Lotus“

D‘Lëtzebuerger Rout Kräiz sicht

Psycholog / Psychotherapeut (M/F/D) – Referenz: 4240
fir saïn Service „Riicht Eraus – LOTUS“ op Basis vun engem CDI mat 20 Stonnen/Woch

De Service « LOTUS » huet d’Missioun, Mannerjähreger tëscht 12-17 Joer, déi en transgressivt Verhalen hunn ze berooden.

Missiounen:
 Psychologeschen Suivi vu Mannerjärege am individuellen- an/oder Familljesetting
 Zu der Entwécklung vum Service beidroen
 Zesummenaarbecht mat aneren externe Servicer (Justizorganer, sozialen Acteuren, asw.)
 De Service bei Formatiounen oder aneren Sensibiliséierungsveranstaltungen vertrieden

Profil:
 Universitéitsdiplom an der klinescher Psychologie oder der Entwécklungspsychologie an/oder der Psychotherapie
 Beruffserfarung an der therapeutescher Aarbecht mat Mannerjähregen
 Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen. All aner Sprooch ass e Virdeel.
 Sécherheet an Erfarung am féiere vun Eenzel- an Familljengespréicher
 Gutt Bezéiungskompetenzen mat Mannerjäregen, déi en iwwergräifend Verhalen hunn
 Verantwortungsbewosst sin an Fäegkeet hun selbstänneg ze schaffen
 Aarbechtszäiten no de Besoine vum Service an den Jonken unpassen
 Bereetschaft un Formatiounen deelzehuelen

D’Kandidaturen sollen iwwert eisen Internetsite www.croix-rouge.lu/recrutement geschéckt gin.
Am Fall vun enger Astellung froen mir den Extrait vum Casier judiciaire 3, 4 an 5

Copyright © SLP - project by Addedsense - photo credits