Organisme de formation agréé par arrêté ministériel du 10.08.2016

SOS Détresse recrutéiert een Responsabel fir de Projet „Online-Chat“

SOS Détresse – Mir hëllefen iwwer Telefon an online asbl

recurutéiert en Responsabel fir de Projet „Online-Chat“ (m/w/d)

Onbefristeten Aarbechtskontrakt (CDI) – 20 Stonnen/Woch

 

 

Är Missiounen an Aufgaben:

▪ Responsabilitéit an Duerchféierung vum Projet „Online-Chat“

▪ Ausbildung vu Benevollen fir de Projet „Online-Chat“

▪ Encadrement vu Benevollen am Alldag

▪ Konzeptioun an Duerchféierung vu Weiderbildunge fir eis Benevollen

▪ Redaktiounsaarbecht: Berichter, Dokumentatioun, Konzeptualiséierung

 

Äre Profil a Kompetenzen:

▪ Master- oder Diplomofschloss an engem psycho-soziale Beräich: Psychologie, Pädagogik, Theologie, Soziologie oder änlecher

▪ Beruffserfarung am psycho-soziale Beräich vun op d’mannst 3 Joer

▪ Ganz gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, am Däitschen, am Engleschen a Franséischen

▪ Beherrsche vun der Software Word, Excel, Powerpoint, souwéi gudden Ëmgang mat Computerprogrammen am Allgemengen

▪ Flexibilitéit a punkto Aarbechtszäiten (Verfügbarkeet owes eemol pro Woch)

▪ Führerschäin B an en Auto zur Verfügung

▪ Aarbechtssënn, deen eiser Organisatioun entsprécht: Diskretioun, Vertraulechkeet, Empathie, Verständnis fir Mënschen an Noutsituatiounen oder akute Krisen

▪ Verantwortungsbewosstsinn, gutt Organisatioun, Kommunikatiounsfäegkeet, Fäegkeet, autonom an am Team ze schaffen

▪ Wäerter a Sensibilitéit am Zesummenhang mam fräiwëllegen Engagement

 

 

Mir bidden Iech eng interessant an ofwiesslungsräich Aarbecht an enger Ekipp vun héichmotivéierte Professionellen a Benevollen, déi an enger kollegialer a frëndlecher Atmosphär zesummeschaffen.

D’Plaz ass ab direkt ze besetzen an op onbegrenzten Zäit.

Interesséiert Persoune kënnen hir Bewerbung mat enger Lettre de Motivation, engem ausféierlechen CV, Kopie vun Diplomer an Zertifikater an enger aktueller Foto bis den 15.10.2023 un: administration@sosdetresse.lu schécken.

Bewerbungen, déi déi erfuerdert Critèren net erfëllen, ginn net berécksiichtegt. Bei enger Astellung gëtt en Auszuch aus dem Casier Judiciaire verlaangt. D’Remuneratioun ass nom SAS Kollektivvertrag (Carrière C7).

 

Susana Campos

Psychologue diplômée

 

Tel.: +352 44 38 81

Email : susana.campos@sosdetresse.lu

 

Copyright © SLP - project by Addedsense - photo credits