Organisme de formation agréé par arrêté ministériel du 10.08.2016

D’ROUT KRÄIZ SICHT EEN PSYCHOLOG/PSYCHOTHERAPEUT FIR DEN SERVICE „PSY-JEUNES“

D‘Lëtzebuerger Rout Kräiz sicht

Psycholog.in / Psychotherapeut.in – Referenz: 4409

fir seng nei Struktur vum Service „Psy-Jeunes“ – psychologesch Hëllef an Psychotherapie fir Puppelcher, Klengkanner an Kanner vun 0 bis 12 Joer – am Kanton Lëtzebuerg fir 30 Stonnen/Woch (CDI)

Missioun:
 Psychologesch an psychotherapeutesch Begleedung an Ënnerstëtzung fir Puppelcher, Klengkanner an Kanner mat hiren Bezuchspersounen bei ënnerschiddlechen Ausdréck vun Belaaschtung
Profil:
 Formatioun als Psychotherapeut mat Unerkennung zu Lëtzebuerg
 Formatioun am Beräich vun der psychologescher/psychotherapeutescher Begleedung vun Puppelcher an Klengkanner an hiren Bezuchspersounen
 Formatioun an der Traumatherapie an Bindung ass vun Virdeel
 Berufflech Erfarung an der therapeutescher Aarbecht mat klengen an groussen Kanner
 Beherrschen vun den Landessproochen Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch. All zousätzlech Sprooch ass vu Virdeel
 Flexibilitéit vun den Aarbechtszäiten mat enger Bereetschaft Samschdes ze schaffen
 Liichtegkeet am Kontakt mat Leit
 Teamfäegkeet an Verantwortungsbewosstes

Mir bidden:
 En Kontrakt am CCT SAS Kollektivvertrag
 Eng dynamesch Equipe an där Mënschlechkeet am Zentrum vum Alldag steet
 Intervisioun, Supervisioun an d‘Méiglechkeet sech weiderzebilden

D’Kandidaturen sollen iwwert eisen Internetsite www.croix-rouge.lu/recrutement geschéckt gin.
Am Fall vun enger Astellung froen mir den Extrait vum Casier judiciaire 3, 4 an 5

Copyright © SLP - project by Addedsense - photo credits