D'Rout Kräiz sicht een Psycholog/Psychotherapeut fir den Service „Lotus“
D‘Lëtzebuerger Rout Kräiz sicht
Psycholog / Psychotherapeut (M/F/D) – Referenz: 4240
fir saïn Service „Riicht Eraus – LOTUS“ op Basis vun engem CDI mat 20 Stonnen/Woch
De Service “LOTUS” huet d’Missioun, Mannerjähreger tëscht 12-17 Joer, déi en transgressivt Verhalen hunn ze berooden.
Missiounen:
Psychologeschen Suivi vu Mannerjärege am individuellen- an/oder Familljesetting
Zu der Entwécklung vum Service beidroen
Zesummenaarbecht mat aneren externe Servicer (Justizorganer, sozialen Acteuren, asw.)
De Service bei Formatiounen oder aneren Sensibiliséierungsveranstaltungen vertrieden
Profil:
Universitéitsdiplom an der klinescher Psychologie oder der Entwécklungspsychologie an/oder der Psychotherapie
Beruffserfarung an der therapeutescher Aarbecht mat Mannerjähregen
Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen. All aner Sprooch ass e Virdeel.
Sécherheet an Erfarung am féiere vun Eenzel- an Familljengespréicher
Gutt Bezéiungskompetenzen mat Mannerjäregen, déi en iwwergräifend Verhalen hunn
Verantwortungsbewosst sin an Fäegkeet hun selbstänneg ze schaffen
Aarbechtszäiten no de Besoine vum Service an den Jonken unpassen
Bereetschaft un Formatiounen deelzehuelen
D’Kandidaturen sollen iwwert eisen Internetsite www.croix-rouge.lu/recrutement geschéckt gin.
Am Fall vun enger Astellung froen mir den Extrait vum Casier judiciaire 3, 4 an 5
Neueste Beiträge
- SOS Détresse sicht een Chargé de direction adjoint – Psycholog
- De Fieldgen sicht een Psycholog fir de SePAS
- Recrutement d’un⸱e psychologue à l’ALUPSE
- Recrutement d’un⸱e psychologue chargé⸱e de projets à la Ligue Santé mentale
- Recrutement d’un psychologue du travail pour l’Administration pénitentiaire