Organisme de formation agréé par arrêté ministériel du 10.08.2016
D’APEMH engagéiert een Psycholog
D’APEMH (Association des Parents d’Enfants Mentalement Handicapés) recrutéiert
ee Psycholog (w/m/x)- fir eisen Département Logement Accueil de Jour
D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Wunn- a Dagesstrukture am Süde vum Land ee Psycholog (w/m/x) – CDI 32 Stonnen/Woch – fir direkt oder no Ofsprooch.
Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur online ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif…): APEMH (skeeled.com)
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
Missiounen:
· Oprechterhalen a Fërderung vum Wuelbefannen an der mentaler Gesondheet vun der Persoun mat intellektueller Beanträchtegung unhand vu sengem Fachwëssen,
· Berodung vun den Ekippen an Iwwerwaachung vun der pedagogescher Approche am Zesummenhang mat psychologeschen, psychiatreschen a verhalensbezunnenen Schwieregkeete vun der Persoun,
· iwwergraïfend als Beroder fir mental Gesondheet déngen.
Ufuerderungen:
· – am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Psycholog sinn (Master an Psychologie),
· – verdéift Wëssen an der klinescher Psychologie a Gesondheetspsychologie,
· – Erfarung an der Psychodiagnostik,
· – Sënn vu Verantwortung fir eng professionell Begleedung vu Persoune mat enger intellektueller Beanträchtegung ze ënnerstëtzen,
· – Selbststännegkeet, Flexibilitéit an Initiativ bei der Organisatioun a Planung vu sengen Aufgaben,
· – an enger multidisziplinärer Ekipp schaffen,
· – iwwer gutt Empathie-, Bezéiungs- an Kommunikatiounsfäegkeete verfügen,
· – déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen,
· – de Führerschäin Klass B hunn,
· – Beruffserfarung a fundéiert Kenntnesser am Beraïch vun der Behënnerung sin vun Virdeel.
Mir bidden
· > attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen,
· > en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vu Persoune mat enger Beanträchtegung.