Organisme de formation agréé par arrêté ministériel du 10.08.2016

D’APEMH engagéiert een Psycholog

D’APEMH (Association des Parents d’Enfants Mentalement Handicapés) recrutéiert

ee Psycholog (w/m/x)- fir eisen Département Logement Accueil de Jour

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Wunn- a Dagesstrukture am Süde vum Land ee Psycholog (w/m/x) – CDI 32 Stonnen/Woch – fir direkt oder no Ofsprooch.

 

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur online ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif…): APEMH (skeeled.com)  

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

 

Missiounen:

·         Oprechterhalen a Fërderung vum Wuelbefannen an der mentaler Gesondheet vun der Persoun mat intellektueller Beanträchtegung unhand vu sengem Fachwëssen,

·         Berodung vun den Ekippen an Iwwerwaachung vun der pedagogescher Approche am Zesummenhang mat psychologeschen, psychiatreschen a verhalensbezunnenen Schwieregkeete vun der Persoun,

·         iwwergraïfend als Beroder fir mental Gesondheet déngen.

 

 

Ufuerderungen:

·         – am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Psycholog sinn (Master an Psychologie),

·         – verdéift Wëssen an der klinescher Psychologie a Gesondheetspsychologie,

·         – Erfarung an der Psychodiagnostik,

·         – Sënn vu Verantwortung fir eng professionell Begleedung vu Persoune mat enger intellektueller Beanträchtegung ze ënnerstëtzen,

·         – Selbststännegkeet, Flexibilitéit an Initiativ bei der Organisatioun a Planung vu sengen Aufgaben,

·         – an enger multidisziplinärer Ekipp schaffen,

·         – iwwer gutt Empathie-, Bezéiungs- an Kommunikatiounsfäegkeete verfügen,

·         – déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen,

·         – de Führerschäin Klass B hunn,

·         – Beruffserfarung a fundéiert Kenntnesser am Beraïch vun der Behënnerung sin vun Virdeel.

  

Mir bidden

·         > attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen,

·         > en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vu Persoune mat enger Beanträchtegung.

Copyright © SLP - project by Addedsense - photo credits