D'ALAN sicht een Psycholog / Psychotherapeut
29/07/2024
D’a.s.b.l. ALAN – Maladies Rares Luxembourg sicht, fir ee Congé de maternité/parental ze ersetzen,
een diploméierte Psycholog/ Psychotherapeut (m/w)
CDD (30-40 St/W) vun November 2024 bis November 2025
Engagement no der CCT SAS
Är Missiounen :
- Berodung a Begleedung vu Persoune/Famillje mat enger rarer Krankheet
- Suivi a Gestioun vun den Dossieren
- Professionellen Austausch mat alle Partner aus dem medezinesch-soziale psychologesche Beräich
- Bedeelegung un interne Projeten
- Eng enk Zesummenaarbecht am interdisziplinären Team
Äre Profil :
- Autorisatioun fir als diploméiert(e) Psycholog(in), respektiv Psychotherapeut(in), zu Lëtzebuerg ze schaffen
- All zousätzlechen Diplom an der Therapie ass vu Virdeel
- Ganz gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen a Franséischen. All zousätzlech Sprooch ass vu Virdeel
- Gudde Kontakt mat de Leit, Diskretioun, Flexibilitéit an Teamgeescht
- Organisatiounssënn an Autonomie
- Führerschäin Klass B
Schéckt Ären Dossier mat Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopië vun den Diplomer,
Zertifikater a Referenzen un: Daniel Theisen, ALAN – Maladies Rares Luxembourg ; Parc Luxite,
13, rue de l’Innovation, L-1896 Kockelscheuer oder daniel.theisen@alan.lu
Virum Ënnerschreiwe vum Aarbechtskontrakt froe mir e rezenten Extrait aus dem Casier
Judiciaire (Bulletin n°3 & n°5).
Rezent Annoncen
- De Fieldgen sicht een Psycholog fir de SePAS
- Recrutement d’un⸱e psychologue à l’ALUPSE
- Recrutement d’un⸱e psychologue chargé⸱e de projets à la Ligue Santé mentale
- Recrutement d’un psychologue du travail pour l’Administration pénitentiaire
- Recrutement d’un psychologue au Centre pénitentiaire de Luxembourg à Schrassig