Hëlleft mat de Beruff vum Psycholog hei zu Lëtzebuerg endlech ze reglementéieren!
Gehéiert Dir hei am Land zu Deenejéinegen déi iwwerzeegt sinn eng qualifizéiert Fachpersoun virun sech ze hunn, wann si bei ee Psycholog ginn?
Deem ass awer leider net ëmmer esou! De Beruff vum Psycholog ass hei zu Lëtzebuerg net reglementéiert a léist esou Dier an Paart op fir méiglechen Abus.
Société Luxembourgeoise de Psychologie
Wëllkomm op der méisprocheger Websäit vun der Lëtzebuerger Gesellschaft fir Psychologie!
1985 an d’Liewen geruff, ass d'SLP déi representativst Associatioun vun diploméierten Psychologen an Psycholog-Psychotherapeuten zu Lëtzebuerg. Se zielt méi wéi 550 aktiv Memberen, dovunner sinn ronn 200 als Psychotherapeuten unerkannt. D’SLP ass säit 2001 offizielle Member vun der Federatioun vun den europäeschen Psychologenverbänn (EFPA).
D’SLP garantéiert dat all agedroenen Member am Annuaire iwwer déi néideg akademesch Ausbildung verfügt. All Member huet sech verpflicht, den SLP Ethik Code ze respektéieren. Profitéiert vun der professioneller Hëllef vun eise Memberen fir äert Uleies effikass ze bewältegen!