Organisme de formation agréé par arrêté ministériel du 10.08.2016

Respect.lu. sicht en Psycholog am Beräich Radikaliséierung

Mir sichen 1 Psycholog (Pädagog, Soziolog, Kriminolog) (m/w/d) am Beräich Radikaliséierung

40 Stonne

CDI C7

CCT-SAS

 

Hues Du:

  •  Experienz an der Berodung. Eng Zousazformatioun an der Berodung oder souguer eng Therapieausbildung sinn vu Virdeel.
  • Liichtegkeet am Kontakt an am Ëmgang mat Mënschen a Gruppe.
  • Loscht mat anere Professionellen am Reseau ze schaffen.
  • Freed dorunner Projeten ze developpéieren an ze geréieren.

Du hues e Master oder equivalent.

Du kanns Dir virstellen am Kontext vu Radikaliséierung ze schaffe, a bass Dir bewosst, dass gewalt en Thema ass.

Du bass un der gesellschaftspolitescher Aktualitéit interesséiert an hues eng Sensibilitéit fir Theme wéi Diskriminatioun an interkulturellt Zesummeliewen.

Du kanns souwuel selbstänneg schaffe, wéi och an der Equippe.

Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséich an Englesch.

 

Da mell Dech bei respect.lu

 

Scheck eis Däin CV an e Motivatiounsschreiwes ob admin@respect.lu bis zum 09.08.2024

Copyright © SLP - project by Addedsense - photo credits